Support
Eng Fro zur App Kreitz Expertise oder zu Ärem Dossier? Schreift eis, wann et geet mat Ärer Dossiersnummer (z. B. KE-2026-0042).
Heefeg Froen
Ass dat eng Online-Evaluatioun?
Neen. D'App sammelt just d'Informatiounen. De Wäert gëtt no enger Visite op der Plaz an engem schrëftleche Rapport festgehalen.
Wat kascht eng Evaluatioun?
De Marc Kreitz seet Iech säin Honorar virun der Visite, onverbindlech.
Wéi eng Dokumenter brauch een?
Am beschten de Katasterauszuch an de -plang, den Energiepass an d'Pläng. Wat feelt, kann ee méi spéit nareechen.
Wat geschitt mat menge Donnéeën?
Si leien op eise Serveren zu Lëtzebuerg, gi just fir Är Evaluatioun benotzt a spéitstens no 24 Méint geläscht.
A wéi enge Sproochen?
D'App an d'Betreiung ginn et op Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Englesch, Italienesch a Portugisesch.
Meng Donnéeë läschen
Fir Ären Dossier an all Donnéeën dozou läschen ze loossen, schéckt eng E-Mail mat Ärer Dossiersnummer. Mir confirméieren d'Läschung schrëftlech.